Mir sichen
Philanthropesch Partner
Eist Zil ass et, eng ëffentlech-privat Partnerschaft opzebauen, bei där d’Fonctionnementskäschte vum Haus vun den ëffentlechen Instanze gedroe ginn, wärend den Terrain an de Bau vum Haus ëffentlech-privat finanzéiert ginn.
Mir sichen deemno Partner, déi sech fir dëse gemengnëtzege Projet mat enger eedeler an zudéifst humaner Missioun engagéiere wëllen.
(Dëse Projet gëtt vum Familljen- a vum Gesondheetsministère ënnerstëtzt, déi nom Bau vum Erhuelungshaus d’Fonctionnementskäschten iwwerhuele wäerten.
Déi Phas virdrun, d. h. déi wou den Terrain kaf an d’Haus gebaut gëtt, kéint integral iwwer privat Fonge finanzéiert ginn.)
Zéckt net, eis ze kontaktéieren, mir presentéieren Iech gären am Detail de Projet, dorënner och d’Pläng vum Haus, déi vum Architektebüro Guittou Muller erstallt goufen.