Pour une parenthèse
Menu

Wëllkomm

um Site vun der Associatioun Pour une Parenthèse!

Scroll to main
Donation
elephant run logo

De Projet Elephant Run

Erlieft déi onwarscheinlech Energie vum Elephant Run nach eng Kéier mat eisem offizielle Video!
En aussergewéinlechen Dag mat vill Schweessen, Laachen a Solidaritéit — agefaangen a Biller, fir datt Dir nach eemol an déi eenzegaarteg Atmosphär vun dësem Evenement andauche kënnt.

Mee Elephant Run, dat war vill méi wéi nëmmen eng Course.
Et war en Dag, fir op déi pediatresch Palliativfleeg opmierksam ze maachen.
Fir d’Kraaft vun allen Associatiounen, déi matgemaach hunn, ze bündelen.
A fir e gemeinsaamt Zil z’ënnerstëtzen: d’Ariichtung vun engem Erhuelungshaus zu Lëtzebuerg fir schwéier krank Kanner a Jugendlecher an hir Famillen.

Et ass zwar schonn eng Zäitchen hier, d’Erënnerunge sinn awer nach frësch an d’Wäerter, déi op dësem Dag vermëttelt goufen, si méi ewéi jee aktuell.

Iwwer eis

Eis Associatioun gouf 2019 gegrënnt mam Zil, zu Lëtzebuerg en Haus vun der Erhuelung ze schafen, dat schwéier krank Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener, an hir Famillen ophuele kann.

pour_une_parennthese_illustrations 02

Eise Projet

Et geet drëm, hinnen e gesécherte Kader fir eng spilleresch Auszäit ze bidden. D’Kanner ginn zesumme mat hire Famillen opgeholl an op engem Stéck vun hirem Wee begleet, sief et no der Diagnos vun enger schwéierer Krankheet oder wärend der ganzer Krankheet, och wärend de Verschlëmmerungsphasen. D’Famille kënnen och nom Doud vum Kand betreit ginn. Esou eng Struktur, speziell fir Kanner a Jugendlecher an der Palliativfleeg, gëtt et schonn an eisen Nopeschlänner, zu Lëtzebuerg awer nach net.

D’Haus kéint Kanner am Alter vun 0 bis 27 Joer an hir Famillen entweeder daagsiwwer oder fir méi laang Openthalter ophuelen, an eng komplett Prise en charge vun deem kranke Kand sécherstellen. D’Famille géifen Ënnerstëtzung an alle Beräicher ugebuede kréien.

Eist Erhuelungshaus soll och eng Plaz si vun der Paus, vum Accueil, der Informatioun a Formatioun fir d’ganz Famill vun de kranke Kanner, fir d’Aidanten an d’Benevollen, genee ewéi fir déi interesséiert Gesondheetsdéngschtleeschter.

Verwaltungsrot

Martine Funk

Martine Funk

Sekretärin
Noémie Muller

Noémie Muller

Sekretärin
Stéphanie Rosquin

Stéphanie Rosquin

Presidentin
André Loutsch

André Loutsch

Vize-President
Frank Wiltgen

Frank Wiltgen

Tresorier
Andrei Spatariu

Andrei Spatariu

Fundraising an Donen
Plants

Grënnermemberen

Isabelle Kieffer Isabelle Kieffer

Isabelle
Kieffer

Catherine Boisante Catherine Boisante

Catherine
Boisante

Elsa do Carmo Elsa do Carmo

Elsa
do Carmo

Anne Goeres Anne Goeres

Anne
Goeres

Henri Grün Henri Grün

Henri
Grün

Margot Neu Margot Neu

Margot
Neu

Fernand Pauly Fernand Pauly

Fernand
Pauly

Patricia Ferrante Patricia Ferrante

Patricia
Ferrante

Catherine Ferrari Catherine Ferrari

Catherine
Ferrari

Schlësseletappe vum Projet

  • Grënnung vun der ASBL
  • Kontakt mam Bundesverband Kinderhospiz e.V.
  • Visitt vun engem Erhuelungshaus an der Belsch
  • Kontakt mat den Erhuelungshaiser aus den Nopeschlänner
  • Avant-Projet vum Architekt
  • Presentatioun vum Projet an de Gemengen
  • Ufank vun den Verhandlunge fir en Terrain
  • Sammele vun Donen
  • Fortsetzung vun de Verhandlunge fir en Terrain
  • Kontakt mat de Ministèren an Ufroe vu Subventiounen
  • Sammele vun Donen
  • Artikel am Magasinn 360 vum Bundesverband Kinderhospiz e.V.
  • Kreatioun vum Internetsite
  • Fortsetzung vun der Sich no engem Terrain
  • Erweiderung vun der Kommunikatioun
  • Treffe mat der Grande Duchesse
  • Participatioun um ACCAM Podcast
    Lauschtert eran
  • Visitt vum Kannerhospiz zu Eichendorf „Haus Anna“
  • Visitt bei alle politesche Parteie virun de Walen 2023
  • De Projet fir e Kannerhospiz gëtt an de Koalitiounsaccord opgeholl
  • Kontakt mat den aneren ASBLen, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn
  • Organisatioun vun enger Table ronde a Verbindung mat der Universitéit Lëtzebuerg zum Theema Palliativfleeg fir Kanner, an enker Zesummenaarbecht mat der Professesch Marie Friedel vun der Uni LU (7. Juni 2024 op der Universitéit)
  • Organisatioun vun enger Course a vu Konferenze fir d'Sensibiliséierung fir pediatresch Palliativfleeg zu Lëtzebuerg (12.10.2024): Infoen op elephantrun.lu
  • Entrevue mam Familljeminister
  • Changement um Niveau vum Verwaltungsrot

2019

Schlësseletappe vum Projet: 2019
Grënnung vun der ASBL

2019

Schlësseletappe vum Projet: 2019
Kontakt mam Bundesverband Kinderhospiz e.V.

2019

Schlësseletappe vum Projet: 2019
Visitt vun engem Erhuelungshaus an der Belsch

2020

Schlësseletappe vum Projet: 2020
Kontakt mat den Erhuelungshaiser aus den Nopeschlänner

2020

Schlësseletappe vum Projet: 2020
Avant-Projet vum Architekt

2020

Schlësseletappe vum Projet: 2020
Presentatioun vum Projet an de Gemengen

2020

Schlësseletappe vum Projet: 2020
Ufank vun den Verhandlunge fir en Terrain

2020

Schlësseletappe vum Projet: 2020
Sammele vun Donen

2021

Schlësseletappe vum Projet: 2021
Fortsetzung vun de Verhandlunge fir en Terrain

2021

Schlësseletappe vum Projet: 2021
Kontakt mat de Ministèren an Ufroe vu Subventiounen

2021

Schlësseletappe vum Projet: 2021
Sammele vun Donen

2021

Schlësseletappe vum Projet: 2021
Artikel am Magasinn 360 vum Bundesverband Kinderhospiz e.V.

2022

Schlësseletappe vum Projet: 2022
Kreatioun vum Internetsite

2022

Schlësseletappe vum Projet: 2022
Fortsetzung vun der Sich no engem Terrain

2022

Schlësseletappe vum Projet: 2022
Erweiderung vun der Kommunikatioun

2023

Schlësseletappe vum Projet: 2023
Treffe mat der Grande Duchesse

2023

Schlësseletappe vum Projet: 2023
Participatioun um ACCAM Podcast
Lauschtert eran

2023

Schlësseletappe vum Projet: 2023
Visitt vum Kannerhospiz zu Eichendorf „Haus Anna“

2023

Schlësseletappe vum Projet: 2023
Visitt bei alle politesche Parteie virun de Walen 2023

2023

Schlësseletappe vum Projet: 2023
De Projet fir e Kannerhospiz gëtt an de Koalitiounsaccord opgeholl

2024

Schlësseletappe vum Projet: 2024
Kontakt mat den aneren ASBLen, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn

2024

Schlësseletappe vum Projet: 2024
Organisatioun vun enger Table ronde a Verbindung mat der Universitéit Lëtzebuerg zum Theema Palliativfleeg fir Kanner, an enker Zesummenaarbecht mat der Professesch Marie Friedel vun der Uni LU (7. Juni 2024 op der Universitéit)

2024

Schlësseletappe vum Projet: 2024
Organisatioun vun enger Course a vu Konferenze fir d'Sensibiliséierung fir pediatresch Palliativfleeg zu Lëtzebuerg (12.10.2024): Infoen op elephantrun.lu

2024

Schlësseletappe vum Projet: 2024
Entrevue mam Familljeminister

2024

Schlësseletappe vum Projet: 2024
Changement um Niveau vum Verwaltungsrot

Wéi kënnt Dir eis hëllefen?

„Fir e Kand grousszezéien, brauch een e ganzt Duerf“, seet en afrikanescht Spréchwuert.

Mir géife soen, et brauch een e ganzt Duerf a villfälteg Ënnerstëtzung, fir de Kanner, Jugendlechen a jonken Erwuessenen dës Plaz vun der Erhuelung bidden ze kënnen. A wa mir dëst Duerf ZESUMME vergréissere géifen?

  • Mat Ärer Memberschaft (Cotisatioun vu 25 EUR d’Joer) an/oder mat Ärem Don, stäerkt Dir säi Fundament.
  • Als Sponsor drot Dir zum Opbau vun der Struktur bäi.
  • Andeems Dir Äre Knowhow zur Verfügung stellt, ënnerstëtzt Dir et am Alldag (cf. „Mir sichen“).

Well zesumme kënne mir méi wäit goen.

Mir sichen

Partner